Placeholder text

Zalto mortale

Zalto mortale

0 - Default Title
Description
En Epicier ouni Äerm, dee sech um Escher Gaalgebierg wëllt d’Liewen huelen, de Strack schonn ëm den Hals geluecht an d’Protheesen ewechgehäit. En Taxidermist, deen zu Monaco Vakanz vum Déierenopstoppe mécht an do d’Anna aus Libyen kenneléiert an tëscht deem senger batterer Realitéit a senger eegener Fantasie hin- an hiergerappt gëtt. An e Camionschauffer, deen op der Sich no sengem Alter Ego queesch duerch Europa rullt, zesumme mam Luis, dem Homard. A sengen 3 Monologe beschreift de Jean Back op eng subtil Manéier aussergewéinlech Mënschen an ongewinnte Situatiounen. Emol grotesk, emol ironesch, awer ëmmer mat Humor léisst en de Lieser un hire Schicksaler deelhuelen. Eng Sprooch räich u Biller a voller Rhythmus maachen aus "Zalto mortale" en authentesche Liesgenoss. "Zalto mortale" ass deen éischte Band vu Kremart Kanephora, der neier Bibliothéik vu Kremart Edition.
Product details
Number of Pages:
112
Publication Date:
2015
Publisher:
Kremart Edition
ISBN10:
999593941X
Currently sold out