{"product_id":"braun-josy-armagnac-kriminalerzielung-josy-braun-9789995983055","title":"Armagnac Kriminalerzielung \/ Josy Braun","description":"Der letzte Krimi des großen luxemburgischen Schriftstellers Josy Braun (1938-2012). Es geht um einen ungeklärten Mord aus dem Jahre 1948, der 1976, durch Zufall, wieder aktuell wird. Der ganze Roman spielt im Osten Luxemburgs: Biwer, Wecker, Manternach, Mertert, Grevenmacher ... So beginnt die Kriminalerzählung (auf Luxemburgisch): Mat engem Poufert fiert de Bigel vun der Béierfläsch. Den Doudegriewer hëlt zwou gehéiereg Schluppen a stellt déi ugebrache »Clausener« hannescht an de Kierfechtsbur. Deem säi Waasser ass äiskal a gëtt ni temperéiert, och wann d’Luucht driwwer vu Gloust ziddert. E Summer wéi eng Saang! 35 Grad géifen et de Mëtteg, hunn s’am Radio gesot. 30 sinn et der bestëmmt lo schonn ëm eelef Auer. Dat geet well zënter engem Mount sou. D’Blieder un de Beem gi brong. ’t héiert ee kee Vull méi. Um Kierfecht ass ausser him kee Mënsch. Dat ass lo seng drëtt a leschte Fläsch, hie muss kucken, datt en d’Lach fäerdeg kritt, fir bei de »Greechen« op d’Gare ze kommen. An den décke Mauere vun der Wiertschaft ass et nach kill. D’Anji kann him eng Zoossissschmier maachen; doheem waart keen op hien, zënter datt säint duerch d’Bascht ass. Synopsis: Am waarme Summer 1976 fënnt den Doudegriewer vu Biwer e Knapp vun enger aler Museksuniform an engem Graf. Hie gëtt dëse Knapp un de Basil Roemen, de Bannpréiter aus der Gemeng, weider. Deen erënnert sech dobäi un de Mord um Willy Staud am Tunnel tëscht Mäertert a Manternach am Joer 1948 – e Mord, deen ni opgekläert ginn ass. De Roemen mécht sech op d’Sich no Spuren … De Josy Braun huet mat „Armagnac“ nach e fäerdegt Manuskript hannerlooss, e Krimi, dee voller Lokalkolorit stécht an och en Hommage u seng Heemecht ass.","brand":"Kremart Edition S.à r.l.","offers":[{"title":"Used - very good","offer_id":53757066871126,"sku":"9789995983055-V","price":7.49,"currency_code":"EUR","in_stock":true}],"thumbnail_url":"\/\/cdn.shopify.com\/s\/files\/1\/0925\/5829\/5382\/files\/product_image_9789995983055_1.jpg?v=1781796758","url":"https:\/\/www.momoxbooks.com\/products\/braun-josy-armagnac-kriminalerzielung-josy-braun-9789995983055","provider":"momoxbooks","version":"1.0","type":"link"}